Politics

No 10 Joer als Independant an no 6 Joer an der Responsabilitéit vun der Gemeng Leideleng
sinn ech bereet fir eng nei Erausfuerderung.

Mir si responsabel fir der nächster Generatioun eng Zukunft ze schafen.

Ganz besonnesch leie mer 11 Prioritéiten um Häerz:

  • Logement
  • Gesondheet / Mënsch a seng Gesondheet steet un 1. Plaz
  • Ëmwelt, Recycling an Offallvermeidung bei der Produktioun
  • Onofhängeg an erneierbar Energien
  • Jugend ënnerstëtzen
  • Konsument an Awunner schützen, net obligéieren
  • Integratioun
  • Simplificatioun administrative & Ofbau vun Hürden
  • Landwirtschaft a lokalen Handel stäerken
  • Kultur & Propriété intellectuelle
  • D’Leit virun Aarmut schützen amplaz vun engem Heescheverbued

An dëse Sujete hunn ech an de leschte Jore vill geschafft an Erfarung gesammelt. Elo sinn ech bereet fir weider Responsabilitéiten z’iwwerhuelen.

Als Jonke géing ech gär aus Feeler léieren, Konsequenzen zéien a mech gär weider fir kreativ, zukunftsorientéiert a realistesch Iddien engagéieren esou wéi ausgeglachen Facette vun eiser Zivilgesellschaft an der Politik representéieren.

Ech si mer net ze schued mech opzestellen an déi onpopulär an onbequeem Dossiere unzegoen, mat konkretem Konsens a Verbesserungen. Ech si bereet mech weiderhi fir eng staark Demokratie a politesch Participatioun anzesetzen.

Ech si frou mat enger esou jonker awer erfuerener an kompetenter Ekipp am Süden fir déi Gréng a mat eiser nationaler Spëtzekandidatin Sam TANSON den 8. 10. 2023 mat unzetrieden a gesellschaftlech Erausfuerderungen unzehuelen a virun allem mat konkrete Mesüren eng liewenswäert Zukunft ze gestalten.

Méng Motivatioune fir ze kandidéieren:

  • Politesch Sujete opgräifen an Zukunft matgestalten
  • Et gëtt nach souvill ze maachen an ech hunn d’Gefill, ech sinn nach net fäerdeg mat der Politik
  • Erfarung iwwer 10 Joer als Independant a 6 Joer Gemengepolitik.
  • Keen Duebelmandat.
  • Jonk, kreativ an zukunfssécher Iddien ëmsetzen.
  • Vill Projete sinn op kommunalem Plang net ëmsetzbar, mat menger Erfarung aus der Gemengepolitik ginn ech gär e Schratt méi wäit.
  • Mir si responsabel fir der nächster Generatioun eng Zukunft ze schafen.
  • Fräiheet a politesch Participatioun garantéieren.
  • Fir eng staark Demokratie an Ofbau vun Hürden.
  • Simplification administrative, Inklusioun, Chancëgläichheet, sproochlech Hindernisser ofbauen, barriärfräi Gesellschaft
  • Zougang zu Kultur a Wëssen fir jiddereen
  • Grouss gesellschaftlech Erausfuerderungen fir eis nächst Generatioun
  • An enger Zäit, déi vu Populismus an Opportunismus gepräägt ass, ass et ëmsou méi wichteg sech fir seriö an och onbequeem Dossieren auserneen ze setzen.
  • Ech well net weider als Zuschauer vun baussen nokucken, mee selwer weider um Terrain stoen.
  • Ufuerderungen un eis Privatwirtschaft hannerfroen an optiméieren.
  • Landwirtschaft an lokalen Handel stäerken
  • Kee Schratt no riets
  • Integratioun a Kulturpolitik
  • Politesch Participatioun stäerken
  • déi Gréng sinn ëmsou méi wichteg op nationalem Plang
  • Steiergerechtechkeet weider dreiwen, duerch eng gezielte Steierpolitik an just engem Steiersystem.
  • Natur a Mënsch mateneen, Ëmwelschutz ass un 1,. Stell Mënscheschutz: manner Pollutioun ass an 1. Stell Mënscheschutz duerch besser Gesondheet.
  • Quasi all politesch Sujetë sinn un de Mënsch, d’Natur oder d’Klima gebonnen an hunn en Impakt op eis Mënschen.
  • Liewensgrondlage schützen.
  • Kannergrondofsécherung: Kee Kand däerf zu Lëtzebuerg an Aarmut grouss ginn
  • Op Ufro vun de Gemengen, generell Tempo 30 op Duerchgangsstroossen an den Uertschaften erméiglechen.
  • eng regional Konschtschoul fir jiddereen
  • Aarmutsrisiko reduzéieren amplaz vun engem Heescheverbued
  • Courage an de richtegen Entourage fir positiv Verännerungen.

Froen, deenen ech weider nom 8. Oktober 2023 nogoe wäert:

  • Reform vum Walsystem, vun Duebelmandater bis Walbezierker
  • Transparenz an Digitalisatioun vun den historeschen SREL Dossiere
  • Mir verstinn eis als Demokratie, mee d’Arithmetik tëschent Residente a Walberechtegter schwätzt eng aner Sprooch
  • Ass eng konstitutionell Monarchie nach zäitgeméiss?
  • Wéi e Mënschebild huet Lëtzebuerg a wéi wëlle mir zesumme liewen?
  • Wat sinn eis Ufuerderungen an eis Erwaardungen un d’Privatwirtschaft? Dat ass de Motor vun eisem Land!
  • Wat mécht de Räichtum vu Lëtzebuerg aus? Verstaatlechung vu Betriber? Eis Ministeren mat eise Gemengeservicer? Oder eis Privatwirtschaft?
  • Wat de Staat mécht, ass eng deloyal Konkurrenz zu der Privatwirtschaft an awer musse mer mat der Zäit matgoe, a gesond wuessen. Op dës Froen gëtt et keng einfach Äntwerten, mä grad dowéinst ass et sou wichteg dass se ëmmer nees gestalt ginn. “Wann een se lénks oder riets leie léisst, dann ass eng just eng Fro vun der Zäit bis anerer d’Äntwerten fir eis fannen, Äntwerten, déi deenen Mannsten vun eis dierften schmaachen “ Jean-Luc Thill

Firwat déi Gréng?

Déi wichtegst an déi eenzeg zukunftsorientéiert Partei, déi sech net just fir eng
Kategorie aus der Gesellschaft asetzt
, mä fir jiddereen.

Mäin Engagement a meng Intresse passen zu 100 % mat den Grondwäerter vun de Gréngen iwwerteneen.

Keng bequeem Politik, mä eng Politik, déi am zukunftsorientéierten ass an no Léisunge sicht.

Just mat positiver Ambiance kanns de eppes beweegen.

Verantwortungsbewosst, no vir geriicht handelen.

Déi Politik, déi ech deene läschte 6 Joer an der Gemeng Leideleng ouni Parteikaart gemaach hunn, war kohärent mat där vun enger Grénger Partei.

De ganze Walprogramm, souwéi och d’Statuten fannt dir ënnert :

https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/51/2023/07/20230705-UpdatedWahlprogrammVersion_nomKongress-1.pdf


greng.lu/eis-partei/statuten/

fb        : :   hello @ gindt.eu
+352 691 370 090
14, rue Marcel Reuland L-4305 Esch-sur-Alzette